Kanner virun d' Dier

Dës Plattform stellt sech zesummen aus enger Partie Leit, déi sech asetze fir eng Schoul, déi méi no bei de Kanner ass, méi no am konkrete Liewen, méi no bei der Natur. Eng Schoul, déi virun d’Dier geet.
Aktuelles: Sport oder Beweegung an der Schoul
De Minister Claude Meisch huet viru kuerzem ugekënnegt, eng Stonn méi Sport an de Schoulen anzeféieren. Dat ass ze begréissen, an et ass e klenge Schrëtt an di richteg Richtung. An direkt gouf et vun e puer Säite Kritik. Wou solle mer di Stonn hier huelen? Des Diskussioun hätt de Minister kënne vermeiden. Wéi? Virun 3 Joer ass de Kollektiv „Kanner - virun d‘Dier!“ op d’Bee gesat ginn, mam Zil, d’Kanner an d’Schüler hannert der Schoulbänk eraus ze huelen, a méi Beweegung an eis Schoulen eran ze bréngen. De Plaidoyer vum Grupp (www.kavidi.lu) gouf vun 100 Perséinlechkeeten aus der Ëffentlechkeet ënnerschriwwen (Medezinner, Psychologen, Therapeuten, Pedagogen etc...) Wa Schüler 20 Stonnen op engem Stull sëtzen, duerno an eng Maison Relais ginn, an owes nach e puer Stonnen an der Fotell sëtzen, da bréngt déi eng oder aner Stonn Sport (mat Transport a Vestiaire bleiwen 30 Minutten) net besonnesch vill. Eis Approche ass eng ganz aner: Eis Approche ass, dass mer d'Schüler an all Fach eraus aus der Schoubänk huele kënnen fir dobaussen ze léieren. Obligatoresch misst Geographie, Geschicht, Sciencen z. B. , e puermol dobausse stattfannen. Mee och Mathematik fënnt eng Hellewull vun Applikatiounen am Schoulhaff, op der Gewan an den Handwierksbetriber etc. An d'Literatur? Onméiglech? Neen! Ech selwer hu scho viru Joerzéngten meng Schüler am Sproochenunterricht mat virun d'Dier geholl, fir en Text op der grénger Wiss ze liesen, e Gedicht ënnert dem Käschtebam ze léieren oder an der Stad Info-Panneaue bei Palais, beim Reenert, beim Wäschbuer ze analyséieren. Dat war flott fir d'Schüler, a si hu bestëmmt méi doheem ze erziele gewousst wéi soss no enger Lektür am Schoulsall. Esou kënnten op d'mannst 4-6 Stonne pro Woch mat Beweegung verbonne ginn, ouni engem Kolleeg eng Stonn ze klauen. Alles wat am Klassesall ka geléiert ginn, kann och dobausse studéiert ginn - mee net alles, wat dobausse ka geléiert ginn, ass och méiglech am Schoulsall. Pit Mischo Auteur vum Buch "Kanner virun d'Dier"

An de Medien
D'Leit, déi beim Kollektiv Virun d'Dier schaffen, probéieren schonn ëmmer d'Kanner hanner der Schoulbänk erauszekréien. Esou och de Pierre Mischo. Hien ass de Grënner vun der Naturschoul Lasauvage an och Member vum Kollektiv Kanner virun d'Dier....
Ab Minutt 13 geet de kuerzen Reportage lass.
Eng Schoul, déi baussen de véier Wänn erlieft gëtt...
Léieren ausserhalb vum Klassenzëmmer, an engem natierlechen an authenteschen Ëmfeld. Dat ass d’Visioun vum Kollektiv „Kanner – virun d’Dier !“ vun der Initiativ Ëmwelterzéiung. Si wëlle Pedagoge Piste ginn, fir dass si méi mat de Kanner eraus ginn. Déi Jonk solle sech der Natur erëm méi verbonne fillen.